| - 54 Joer , Mamm vun zwee Bouwen - Enseignante - Presidentin vun der AIP ( Association des institutrices préscolaires – cycle 1 ) - Member vun der „Commission scolaire nationale“ vum Edukatiounsministère - Member vun der Kommissioun vum 3. Alter - Membre suppléant an der Integratiounskommissioun D’Yola ass 2008 op Bartreng wunne komm, an hatt huet sech an onser schéiner Gemeng direkt doheem gefillt. Kontakt mat de Leit ze fannen war net schwéier an et huet sech séier an eist Vereinsliewen intégréiert. D’Yola ass gär ënnert de Leit a péckt iwwerall eng Hand mat un, wou Nout um Mann (oder un der Frau) ass. Vill vu senge Bekannte beneiden d’Yola fir déi héich Liewensqualitéit, déi hatt hei zu Bartreng an alle Beräicher huet. D’Yola ass bereet, aktiv an onser Gemeng matzeschaffen an ze hëllefen, fir dass déi Bartrenger Bierger weider an enger schéiner, moderner a lieweger Gemeng wunne kënnen. Iddiën huet hatt genug, well an der Stadt, wou hatt virdrun gewunnt huet, war et schon politesch aktiv an bei de leschte Gemengewahlen op eng exzellent Platz op der DP-Lëscht komm. D’Yola wëllt sech virun allem intensiv an de Beräicher Schoul, Jugend, 3. Alter, Sport a Kultur engagéieren. Yola Hild, enseignante, apprécie la vie à Bertrange. Aimant s’occuper des jeunes et des moins jeunes, appréciant culture et sports, elle s’est engagée politiquement depuis longtemps. Elle a réussi un excellent score lors des dernières élections communales où elle faisait partie de l’équipe du DP à Luxembourg-Ville. |