image Home image Links image Downloads
image
image
image
image
image
  Raoul Marx

- 31 Joer

- Ingénieur industriel bei der Gemeng Lëtzebuerg

- Ënnerkommandant vun de Pompjeeën vu de Gemenge Bartreng a Stroossen

- Member vun der JDL-Bartreng


De Raoul MARX ass e Stack-Bartrenger. Hien ass schon als Bouf mam Vëlo duerch d’Gewann gerannt an kennt d’Duerf esou wéi keen Zweeten.
 
No sengem Studium op der Uni Lëtzebuerg huet hie säin Ofschloss als 'Ingénieur industriel en mécanique' gemaach a schaft elo op der Gemeng Lëtzebuerg als Coordinateur vum 'Service Maintenance'.

 

Benevol engagéiert ass de Raoul bei de Pompjeeën, wou hie laang Joer schons eng Hand mat upéckt fir dem Bierger an Nout ze hëllefen. Als Ennerkommandant huet hien hei vill Responsabilitéit.


Sportlech ass de Raoul beim Bartrenger Volleyball engagéiert. Hei war hien als Spiller aktiv a péckt haut nach ëmmer eng Hand mat un, do wou se gebraucht gëtt an ënnerstëtzt esou d'Equipen vum Veräin.

E wichtegt Uleies fir hien ass d' Jugend am Duerf ze ënnerstëtzen, de Benevolat vun de Bierger an hire Klibb besser ze honoréieren a mat neien Ideeën de Bartrenger Bierger weiderhin e flott Liewen zu Bartreng ze garantéieren.

Raoul Marx est originaire de Bertrange. Dans la vie professionnelle il est coordinateur du 'Service maintenance' à la Ville de Luxembourg. Il est engagé depuis de longues années déjà au sein des sapeurs-pompiers locaux où il assume une fonction à responsabilité. Le volley est sa passion sportive. Raoul s'engage pour les jeunes, veut valoriser le bénévolat et entend oeuvrer pour qu'il continue à faire bien vivre à Bertrange!
 
 

 

 



 
image
  image
  image
image
image
image
image
image
image
Aktuelles - Kandidaten - Bilan - Ons Zieler - Agenda - Dialog - Kontakt
image