image Home image Links image Downloads
image
image
image
image
image
  Patrick Michels

- Member vum Gemengerot

- 48 Joer

- Fonctionnaire op der Cour des comptes

- President vun der Bauten-, der Finanz-, an der Integratiounskommissioun

- Member vun der Sportskommissioun

- Member vun de Syndikater « CNI-Les Thermes » an « O.N.T. »

- Vize-President vun der DP-Sektioun Bartreng

 

De Patrick Michels ass gebierteg vun der Helfenterbréck a wunnt  haut an der “Cite Eechels”. Hien ass 2005 eng éischte Kéier an de Gemengerot gewielt ginn.

De Patrick ass Fonctionnaire op der Cour des comptes. D’Finanze sinn, souzesoen beruffsbedingt, eent vu sengen Interessegebidder. Hie wäert sech och wiederhin fir eng gesond Finanzsituatioun vun eiser Gemeng asetzen.

E wichtegt Uleies fir de Patrick Michels ass d’urbanistesch Gestaltung vun eiser Gemeng. Et läit him um Häerz, datt Bartreng säin Duerfcharakter behale soll. Bartreng soll och an Zukunft weider harmonesch a kontrolléiert wuessen.

Hie setzt sech och ganz staark fir d’Interessen an d’Integratioun vun eisen auslänneschen Matbierger an. De Patrick huet ëmmer en oppent Ouer fir d’Suergen an d’Bedürfnisser  vu senge Matbierger  a setzt sech e Maximum fir si an.

 “Bartreng ass eng flott an dynamesch  Gemeng wou et Freed mecht ze liewen an ze schaffen, a fir dass daat esou bleiwe soll, dofir setzen ech mech an.”

Patrick Michels met l’accent sur des finances communales  saines ainsi que sur une bonne gestion financière des deniers publics. Il s’engage pour une politique urbanistique qui permet un développement harmonieux de Bertrange,  village attrayant et accueillant, tout en soignant le dialogue avec les habitants. Il souligne son engagement pour l’intégration de nos concitoyens non- luxembourgeois.

 

 

 




 
image
  image
  image
image
image
image
image
image
image
Aktuelles - Kandidaten - Bilan - Ons Zieler - Agenda - Dialog - Kontakt
image