- Member vum Gemengerot - 49 Joer, bestuet, Mamm vun zwee Meedercher - Chargée de cours am Enseignement - Presidentin vun der Kommissioun vum Drëtten Alter, vun der Familljen- an Chancegläichheetskommissioun - Member vun der Bauten- a Kulturkommissioun - Member vum Syndikat ‚SICEC‘ - Sekretärin vun der DP-Bartreng D’Monique ass 49 Joer al, gebierteg vun Eindhoven, huet d‘Niederlännesch Nationalitéit a wunnt säit 1987 mat senger Famill zu Bartreng. Et huet déi lescht 14 Joer als ‚Chargée de cours‘ geschafft an ass zënter Februar 2009 Member vum Gemengerot. D‘Populatioun vu Bartreng ass an deene leschte Joer stänneg gewuess an den demographesche Wandel weisst, datt och d’Zuel vun den Seniore ëmmer zouhëllt. Dëst ass e wichtege Grond firwaat d‘Monique sech mat ganz vill Energie fir eis eeler Matbierger asetzt. ‚Mir liewen haut an enger Gesellschaft mat villen Nationalitéiten. Aus eegener Erfahrung, an als Member vun der Integrationskommissioun, weess ech, wéi wichteg et ass, all Awunner an dat sozialt Liewen mat an ze bezéien.‘ Een anere Beräich deen dem Monique um Häerz läit, ass d’Familljeliewen an d’Chancegläichheet vu Mann a Fra. No de leschte Gemengewahle vun 2005 ass dofir eng speziell Kommissioun gegrënnt ginn an hatt ass houfreg, éischt Presidentin ze sinn. Fair Chance fir all Bierger an d’Ofschafe vun allen Diskriminatiounen si fir hatt e wichtegt Uleies. Monique Smit-Thijs est d’origine néerlandaise et travaille dans l‘enseignement. Elle s’engage surtout au profit des seniors. L’intégration, l’égalité des chances et l’élimination de toute discrimination constituent pour elle des thèmes politiques importants. Monique préside la première commission de la famille et de l’égalité des chances instituée dans notre commune.
|