image Home image Links image Downloads
image
image
image
image
image
  Michel Reuland

- Schäffen

- 62 Joer, bestuet, Papp vun zwee Kanner

- Biolog, Inspekter vun den Europaschoulen e.r.

- President  vun der Schoul- an der Ëmweltkommissioun

- Vize-President vum Syndikat SICONA

- Member vum SES

 

De Michel Reuland war no senge naturwëssentschaftleche Studien als Professer an als Chercheur um Centre Universitaire an am CNRS zu Stroossbuerg täteg an huet sech dono am Erzéihungsministère ëm d’Europaschoule gekëmmert. Vu senger Formatioun hir ass hie staark un ëmweltpolitesche Froen interesséiert, a freet sech, datt trotz dem groussen Drock um Immobiliemaart et och elo nach méiglech ass, wäertvoll Liewensraim zu Bartreng ze erhalen.

 

Mat  25% vun der landwirtschaftlecher Fläch, déi zu Bartreng extensiv bewirtschaft ginn, mam Opkaaf vun oekologesch wertvolle Flächen, matt Renaturéirung vu Baachen, Weieren, Gras-, Hecken- an Bëschbiotopen ass an deene leschte Joeren, exemplaresch Aarbecht geleescht ginn. Nëmmen eng resolut an engagéiert Ëmweltpolitik kann och an der Zukunft Biodiversitéit erhalen a Liewensqualitéit an eiser Gemeng garantéieren. Bedéngt duerch säi Beruff am Enseignement huet hie sech ëm d’Schoul bekëmmert a wäert och an Zukunft versichen de Bartrenger Kanner eng optimal Préparatioun op d’Liewen ze erméiglechen.

 

Michel Reuland, professeur de biologie et inspecteur des écoles européennes er, s’engage pour une politique environnementale courageuse, garante d’une bonne qualité de vie. En charge de l’enseignement fondamental à Bertrange il s’engage à continuer d’assurer  à tous les élèves une formation adéquate et une préparation sérieuse aux études secondaires.

 

 


 
image
  image
  image
image
image
image
image
image
image
Aktuelles - Kandidaten - Bilan - Ons Zieler - Agenda - Dialog - Kontakt
image