| - 28 Joer - Employé communal - Member vun der Bauten- a Jugendkommissioun - President vun der JDL-Bartreng - Vize President vun de Jonkdemokraten am Zentrum De Marc Mannes huet 28 Joer, ass an der ,rue de la Gare, opgewuess a wunnt elo mat senger Frëndin am ieweschten Deel vun der Lëtzebuergerstrooss. No der Primärschoul zu Bartreng ass en um Lampertsbierg an d’Handwierkerschoul gaang. Schons fréi wosst hien, dass d’Bauwiesen seng Zukunft géing bestëmmen. No der 13ième an uschléissende Studien am Auslandhuet hien an enger grousser lëtzebuerger Baufirma geschafft. Säit Ufank des Joers ass e Responsabel vum Service Technique op enger Gemeng am Weste vum Land. Vu klengem un huet hien bei der Sparta Basket gespillt an ass haut Basketsarbitter an der Nationale I an II. Seit iwwer 15 Joerass hie bei de fräiwëllege Pompjeeën Bartreng-Stroossen engageiert, hëlleft wa Leit a Nout sinn a betreit och t’Jugendpompjeeën. Soss interesséiert hie sech fir Technik an ass gär mam Moto ënnerwee. 2005 ass de Marc bei der JDL bäigetrueden, fir sech aktiv un der Jugendpolitik ze bedeelegen. Säit 2007 ass hen President vun der Sektioun Bartreng, donieft Vize-President vum Bezierk Zentrum a Member am National- souwéi am Exekutivcomité vun de Jonkdemokraten. Zanter 2008 ass hien och Member vun der Bauten- an der Jugendkommissioun. Hei si seng Haaptziler eng dynamesch an jugendfrëndlech Schoul- , Sport- an och Duerfgestaltung ze schafen. Marc Mannes est un jeune candidat dynamique. A côté de ses obligations professionnelles il s’engage au sein des sapeurs-pompiers, vit sa passion pour le basket en tant qu’arbitre et soutient les intérêts des jeunes dans sa fonction de président de la section locale des jeunes démocrates. Il est par ailleurs vice-président du JDL-Centre.
|