| - 37 Joer - Chef d’agence op der Spuerkeess - Member vun der Finanzkommissioun - Member vun der Sports-, der Jugend- an der Jumelagekommissioun - Member vun der Familjen- an Chancegleichhéetskommissioun - Trésorier DP-Bartreng De Marc Lang wunnt zënter 1980 zu Bartreng. De Marc huet Betriebswirtschaftslehre op der Uni zu Saarbrécken studéiert an dono e puer Joer op enger Fiduciaire geschafft. Dunn ass hien op t’Spuerkeess gewiesselt, wou hien haut als „chef d’agence“ täteg ass. Niewebei hält hie Course fir d’Meeschterprüfung op der Chambre des Métiers. Um sportleche Plang huet de Marc iwwer 20 Joer an der Sparta Basket gespillt. Den Interesse un der Gemengepolitik huet an der „Jeunesse Démocrate et Libérale“ zu Bartreng ugefaang, wou hie méi wéi 10 Joer aktiv war, dovu 6 als President. D‘Aktivitéit an deene verschiddene Kommissounen huet dozou beigedroën, dass de Marc sech ëmmer méi fir Politik interesséiert huet. Him ass et wichteg, datt esou e schéint a flott Duerf wéi Bartreng seng héich Léiwensqualitéit behält a souguer nach verbessert. Dëst am Sënn vun all Bierger, op jonk oder manner jonk! Dobai spille d‘Finanzen, e Beräich, deen dem Marc besonnesch um Häerz leit, eng decisiv Roll. „Et ass wichteg, speziell a wirtschaftlech méi schwéieren Zaiten, weider ze investéieren, an dëst an engem raisonnabele Kader.“ Marc Lang habite depuis 1980 à Bertrange. Après ses études en sciences économiques et commerciales à l’université de Saarebruck, Marc travaille comme chef d’agence à la BCEE. Pendant 6 ans il était président de la « Jeunesse Démocrate et Libérale » à Bertrange et a collaboré activement dans plusieurs commissions consultatives de notre commune. Pour Marc il est primordial de garantir une qualité de vie hors pair !
|