| - 21 Joer - Student - Member vum Comité vun der JDL-Bartreng - Sekretär vun der lokaler JDL-Sektioun De Luc ass zu Bartreng opgewues an och do an d’Schoul gaang. Als Bartrenger Jong ass him säin Heemechsduerf besonnesch wichteg. De Luc Haas ass vu klengem un am Fussball aktiv an haut nach ganz engagéierte Spiller vum FC Sporting Bartreng. Zënter 3 Joer huet hien zudeems eng Fonktioun als Trainer bei der Jugend, wou e mat vill Begeeschterung deene Klengen d’Fussballspille bäibréngt. Member vun der JDL-Sektioun Bartreng, wou hien de Posten vum Sekretär besetzt, ass de Luc elo gutt 2 Joer. Hei setzt hie sech fir d’Interesse vun der Jugend an. De Luc Haas ass de jéngste Kandidat deen hei zu Bartreng mat an d’Gemengewahle geet! Hie mécht am Moment eng Ausbildung als Erzéier zu Léiweng. De Sport an d’Jugend leien him besonnesch um Häerz an dofir wëll hién sech intensiv fir d’Kanner an d’Jugendlecher an eiser Gemeng engagéieren. Luc Haas est un amoureux du ballon rond. Le football joue un rôle important pour lui ce qui explique son engagement au sein du FC Sporting de Bertrange. Il est joueur actif et s’occupe d’une équipe de jeunes, ce qui lui procure une grande satisfaction. Luc travaille au sein de la JDL depuis 2 ans, car la politique pour les jeunes lui tient à coeur. Luc Haas est le candidat le plus jeune qui se présente aux élections communales du 9 octobre à Bertrange. |