| - Member vum Gemengerot - 41 Joer, bestuet - Professeur-Ingénieur - President vun der Jugend-, Sports- a Jumelagekommissioun - Member vun der Bautekommissioun - Politesche Responsabel vun der Maison Relais an dem Repas sur Roues - Member vum Bureau vum Syndikat « CNI Les Thermes » - Member vum Gemengesyndikat SICA an "ONT"
- President vun der DP-Bartreng - Member vum Comité Zentrum
De Frank Demuyser wunnt an der „Cité am Wénkel“ an ass zu Bartreng opgewuess. No senger Ausbildung zum „Ingénieur Technicien“ huet et hien nach op Karlsruhe op d´Universitéit gezunn, wou hien Diplomingénieur an der Elektrotechnik ginn ass. Uschléissend huet hie säin Examen als Professor gemeet an übt dee Beruff matt vill Engagement aus. An der Sparta huet hien d´Veräinsliewen kennegeléiert. 1991 gouf hien du President vun der JDL-Sektioun Bartreng. Zwee Joer drop gouf hie Vizepresident am Nationalcomité vun der JDL, an ass 1993 fir d´éischt mat der DP zu Bartreng an d´Wahle gaang. Säit 10 Joër schafft hie matt am Gemengerot. Als politesche Responsabel vun der Maison Relais steet de Frank an fir eng sécher an ugepasste Kannerbetreiung. Hie leet vill Wäert op lokal Produzenten a Produkter an der Kantin vun der Schoul wéi och fir de Repas sur Roues. Als engagéierte Member vun der Bautekommissioun leet hien och Wäert op eng kontrolléiert awer gerecht Duerfentwécklung. Frank Demuyser, professeur-ingénieur, s´engage surtout pour les jeunes avec lesquels il aime travailler aussi bien à l´école que pendant les différentes organisations pour jeunes bertrangeois. |