- Buergermeeschter - 48 Joer, bestuet, Papp vun zwee Kanner - Directeur adjoint vum Dikrecher Kolléisch - Vize-President vum Syndikat ‘CNI-Les Thermes’ - Member am Exekutivbüro vum Syndikat SICA - nationale Vize-President vun der DP De Frank Colabianchi ass säit iwwer 20 Joer am Gemengerot. 1999 ass hie Schäffe ginn an zanter e puer Joer ass hie Buergermeeschter. Bedéngt duerch säi Beruff ware Schoul a Jugend seng grouss Erausfuerderungen. Zu Bartreng huet hien d’Vakanzaktivitéiten agefouert, déi haut nach ëmmer e grousse Succès hunn an hien huet aktiv eise Schoulcampus bei Atert matgeplangt wou och d’Maison Relais an d’Liewe geruff ginn ass. De Sport läit dem Frank Colabianchi, deem seng zwee Bouwe Fussballsgecke sinn, och um Häerz. Dat erklärt, datt hien seng Fangere beim Bau vun der Piscine ‘Les Thermes’ oder beim neie ‘Centre Atert’ matt am Spill hat. De Frank huet an der Politik laang Erfahrung an a senger Roll als Buergermeeschter, ass et fir hien haut d’Erausfuerderung Bartreng zesumme mat Iech, fir d’Zukunft prett ze maachen. ‘Matt eisem neien, flotten a sécheren Duerfkär, wou d’Leit am Mëttelpunkt stinn an net d’Gefierer, soll et sech och weiderhi gutt zu Bartreng liewe loossen ! ‘ Frank Colabianchi, bourgmestre, fait partie du conseil communal depuis une vingtaine d’année. ‘Préparer ensemble l’avenir de notre localité et garantir notre qualité de vie’ telle est sa devise. Ce pari sera tenu avec le réaménagement de notre centre et l’instauration d’une zone de rencontre unique au Luxembourg ; une idée conçue et développée ensemble avec les habitants ! |