| - 46 Joer - bestuet, Mamm vun 3 Kanner - Member vun der Maison Relais-Kommissioun D’Francine wunnt säit 1985 zu Bartreng an huet sech hei vun Ufank un gutt gespiirt. Schnell huet et sech a verschidde Veräiner ervirgedinn. Laang Joer war d’Francine Moro Presidentin an der Eltereveréenegung an huet hei vill Akzenter gesat. D’Schoulfest, esou wéi et haut ofleeft, ass ënnert senger Equipe fir Elteren a Kanner e Rendez-vous ginn, deen een net verpassen däerf, ier et an déi grouss Vakanz geet. ‘Fir mech sinn d’Kanner immens wichteg. Si sinn eis Zukunft an ech sinn ëmmer frou, fir mat hinnen ze schwätzen, ze spillen, ze schaffen an Iddien auszetauschen.’ D’Wuel vun de Kanner steet fir d’Francine am Mëttelponkt, esou wéi och d’Liéwensqualitéit vun de Bartrenger Leit. "Shared space" an eisem Duerfzentrum fënnt et eng ganz gutt Saach an dofir huet d’Francine sech och politesch engagéiert. Francine Moro s'engage pour une bonne qualité de vie dans notre commune. Sa grande passion c’est de s’engager pour les enfants pour lesquels elle est toujours à l’écoute. Pendant de longues années Francine était à la présidence de l’Association des Parents d’Elèves où elle était à l’origine de nombreuses initiatives. |